DAS EVENT SHAREN

D’Schoulfoire 2025 ass vum 27. bis den 30. Abrëll 2025.
D’YEP!-Schoulfoire riicht sech un d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Secondaire. Se riicht sech och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform, fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.

Op enger Fläch vu 17.000 m2 verdeelt op dräi Halen dréit sech d’YEP!-Schoulfoire ëm 5 Pilieren:

d’Lëtzebuerger Lycéeën
De Ministère, d’Maison de l’orientation an d’Schouloffer
Atelieren & Showen
9 Formatiounswelten
De Léierplazendag op meindes, den 28. Abrëll 2025

More events

MEHR

MEHR